Wie sinn ech?
Ech freeë mech, meng Rees vun der Transformatioun mat Iech ze deelen!
​
​
Mäi beruffleche Parcours huet viru 14 Joer an der Fonction publique zu Lëtzebuerg ugefaangen. Ech hunn e puer Joer als Chargée administrative an 3 Joer als Chargée de projets um Ministère fir d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun geschafft.
Allerdéngs huet mäi Liewen eng ganz onerwaart Richtung ageschloen, no engem Gesondheetsvirfall 2015 am Zesummenhang mat der Gebuert vu mengem zweete Kand. Dësen Trauma, dee mäin Alldag beanträchtegt huet, huet mech dozou beweegt, eng ënnerlech Rees unzetrieden a mäi Wee a Richtung perséinlech Entwécklung a Geescht-Kierper-Approchen (Bodymind-Approchen) anzeschloen. Ech hunn deemools gespuert, dass ech dee kierperlechen Trauma, deen ech erlieft hat, a meng Emotiounen, déi ze laang ënnerdréckt waren, erfuerschen an integréiere misst.
Am Abrëll 2022 hunn ech meng éischt Breathwork-Seance wärend engem Seminär vun zwee Deeg an der Tierkei, zu Istanbul erlieft. Dës bewosst Otemtechnik huet meng Séil déif beréiert. Ech war begeeschtert iwwert d'Kraaft vun der transformativer Otemtechnik. Dës Erfarung huet mech dozou bruecht, d'Kraaft vum Otem bekannt maachen an deelen ze wëllen.
Am Juni 2022 hunn ech mech un der Medezinescher Fakultéit vun der Kathoulescher Universitéit vu Louvain an der Otemweeër-Anatomie weidergebilt.
Am Oktober 2022 hunn ech meng Kompetenzen erweidert an eng Ausbildung als Breathwork-Praktikerin an der Tierkei, zu Istanbul, gemaach.
Mat Leidenschaft fir transformatiivt Ootmen a fest entschloss, meng Liewensaufgab ze liewen, déi dora besteet, dat weiderzeginn, wat ech erlieft an iwwerstanen hat, hunn ech weiderhin dat bewosst Ootmen erfuerscht.
No engem Seminär op perséinlechem Niveau a Frankräich am Mäerz 2023 hunn ech mech beim Joël Jego* zu Praktikerin ausbilde gelooss. De Breathwork Respire Plus ass eng aussergewéinlech Method, duerch déi ech meng emotional Belaaschtung, meng Liewensprüfungen an Traumaen integréieren, meng Gesondheet a mäi Wuelbefanne verbesseren an den Ausdrock vu mengem Potenzial steigere konnt.
* Joël Jego, Breathwork-Coach a -Formateur, Grënner vu Respire Plus a vun 2014 bis 2020 Vertrieder vu Frankräich bei der International Breathwork Foundation (IBF).



​
Am Mäerz 2024 hunn ech meng Respire Plus-Zertifizéierung kritt, wat eng weesentlech Etapp op mengem Wee als Breathwork-Praktikerin war.
Ufank Dezember 2024 hunn ech meng Kompetenze mat engem Éischt-Hëllef-Diplom fir mental Gesondheet (PSSM) erweidert, dee sech op d'Ënnerstëtzung vun Erwuessener a psychesche Schwieregkeete konzentréiert.
Dee selwechte Mount hat ech och d'Geleeënheet, un eng virtuell "Breathwork Fundamentals"-Formatioun deelzehuelen, déi vum Dan Brulé geleet gouf, engem internationale Pionéier a Saachen Ootmungsaarbecht, fir meng Beherrschung vun dëser Praxis ze verdéiwen an hiert vollt transformatiivt Potenzial weider ze erfuerschen.
​
Yeliz Yorcu, zertifizéierte Breathwork-Coach
​
​
Photos by Ebru Emek Diatta
Gitt op meng Websäit, fir erauszefannen, wéi och Dir vun der Kraaft vum Ootme fir en erfëllte Liewe profitéiere kënnt!




" There is a voice that doesn't use words. Listen."