Breathwork & Gesondheet
“Déi weesentlech Viraussetzung fir d'Entsteeung vu Kriibs ass e Sauerstoffmangel op zellulärem Niveau.”
- Dr. Otto Warburg, Nobelpräisträger fir Medezin fir Kriibsfuerschung am Joer 1931.
"Kriibs huet nëmmen eng ursprénglech Ursaach. An zwar d'Ersetze vun der normalerweis sauerstoffhalteger zellulärer Ootmung duerch eng anaerob (d.h. sauerstoffaarm) zellulär Ootmung.” - Dr. Harry Goldblatt, Journal of Experimental Medicine.

Loft a Sauerstoff spillen eng wichteg Roll fir gesond ze bleiwen a Krankheeten ze behandelen.
Leider ass bewosst connectéiert Ootmung (Breathwork) an der breeder Ëffentlechkeet nach onbekannt, gëtt ënnerschätzt an nëmme sielen an de Medien thematiséiert. Leit aus dem Gesondheetssecteur an Dokteren erkennen allerdéngs seng extreem positiv Auswierkungen op den Heelungsprozess vu ville Pathologien.
Positiv Wierkunge vum Breathwork oder connectéiert bewosst Ootmen op kierperlechem, mentalem an emotionalem Niveau:
Kierperlech Virdeeler
Eliminéiert Toxinnen: Duerch Breathwork ass et méiglech, 70% vun den Toxinnen an eisem Kierper fräizesetzen an e méi gesonden Organismus ze fleegen. 20% vun den Offallprodukter vun eisem Organismus ginn iwwer d'Haut eliminéiert, 7% iwwer den Urin an 3% iwwer de Stull.
Verbessert d’Otemkapazitéit : Eng déif a bewosst Ootmung fërdert eng besser Loftzirkulatioun am Kierper.
Verbessert d'Ausdauer, d'Kraaft an d'Energie vum Kierper: Déi connectéiert bewosst Ootmung kënnt aus dem Bauch. De Bauch gëtt agesat, fir déif Anootmungen ze erreechen, an esou d'Muskele besser mat Sauerstoff ze versuergen. Dës Otemtechnik stäerkt d'Otemmuskulatur an erhéicht d'Longekapazitéit.
Et däerf een net vergiessen, dass d'Ootmung 70% vun eiser Energie ausmécht.
Korrigéiert d'Kierperhaltung: Dës Approche vun der Ootmung korrigéiert net nëmmen d'Positioun vum Broschtkuerf, mee och déi vum Réck, de Schëlleren an dem Genéck.
Fërdert d’Verdauung
Stäerkt d’perséinlech Autonomie
Des Praxis hëlleft dobäi, e bewosst Verhältnis zu den eegene Gewunnechten, Automatismen a Bedierfnisser ze entwéckelen, an hëlleft fir Entscheedungen ze treffen, déi besser bei ee passen – wéi z.B. e gesonde Liewensstil unzehuelen oder e moderéierte Konsum vun Alkohol – fir méi kloer an ausgeglach virunzekommen.
Verbessert d'Schlofqualitéit: Breathwork reduzéiert Stress an Angschtzoustänn, déi dacks eise Schlof stéieren.
Mental Virdeeler
Hëlleft, emotional a mental Spannungen ofzebauen
Breathwork schaaft eng Auszäit vum Alldag, e Raum, fir sech z’entschleunegen an sech nees ze zentréieren. Et fërdert e Gefill vu Rou, ënerer Kloerheet a Geloossenheet a féiert zu engem bessere Selbstbewosstsinn an déifgräifenden Lassloosse.
Entwéckelt d'Selbstvertrauen: D'Zirkulatioun vum Otemfloss un der Basis vun eisem Kierper an eng deeglech Praxis doheem steigert d'Selbstvertrauen, befreit eis vun Ängschten an aschränkenden Iwwerzeegungen, déi de Geescht belaaschten, an erméiglecht eis, eis mat eisem ënnerlechen Ech ze verbannen.
Emotional Virdeeler
Eliminéiert emotional Blockaden, déi am Onbewosste verstoppt sinn: Breathwork ass eng Erfarung, déi staark Emotioune wéi Angscht, Roserei oder Trauer transforméiert a fräisetzt.
Duerch d'Ootmen op Plazen, wou den Otem net méi oder nëmme nach liicht zirkuléiert, an andeem een entspaant amplaz sech unzespanen, setzt ee progressiv déi am Kierper blockéiert a gespäichert Emotioune fräi an et kann een esou d'Gewiicht vu bestëmmten Traumae lassginn.
Fërdert en allgemenge Wuelbefanne
Bewosst, déif Ootmung kann den emotionalen Zoustand verbesseren, dat Gefill vu Freed an Oppenheet verstäerken an eng authentesch Verbindung zu sech selwer an anere fërderen.
Wat si iwwer de Breathwork gesot hunn:
Les services proposés sur ce site sont des prestations de bien-être et de développement personnel. Ils ne sont pas effectués par un professionnel de santé réglementé au Luxembourg et ne constituent ni un acte médical ni un acte de soins de santé réglementé. Les séances ne se substituent en aucun cas à une consultation ou à un traitement médical. En cas de question concernant votre santé ou un traitement en cours, il est indispensable de consulter un médecin ou un professionnel de santé.
"Try not to resist the changes that come your way. Instead let life live through you. And do not worry that your life is turning upside down. How do you know that the side you are used to is better than the one to come?"














